© Copyright 2024 | Site internet réalisé par GECKO - creative agency
Music and lyrics: Al Ginter
Zu Beetebuerg am Park, do läit e midde Ris
‘t héiert een e ronke bis déi Säit op Altwies
Hien ass ‘sou grouss a staark, e risege Kadett
Wat wier ech dach ‘sou frou, wann ech och ‘sou een hätt
Sinn d’Gäscht dann nees doheem, passt hien op an der Nuecht
Dräi Nuetseilen an hien halen zesumme Wuecht
Hie kuckt no lénks, no riets, huet alles voll am Bléck
Et héiert ee guer näischt bis op den Däimerléck
Refr.
De léiwe Ris vu Beetebuerg
Hien ass fir ons dee gréisste Frënd
Duerch déck an dënn gi mir derduerch
Eng mega Frëndschaft ons verbënnt
Vill Kanner an vill Dei’ren, si kommen erbäigelaf
D’Deckelsmouk, de Wäschbier, och d’Geessen an en Af
Si klammen, fléien, rennen, verschidd’ner och um Rad
Zesummen zéie si op Beetebuerg an d‘Stad
E flotte Wee laanscht d‘Gare, an d‘Schlass eran duerch d’Paart
E Ris, deen ass ze grouss, hie steet virdrun a laacht
Nom Tour an der Gemeng gi mir ons all’guer d’Patt
Déi nächste Kéier kënns och du ganz einfach mat
Refr.
De léiwe Ris vu Beetebuerg
Hien ass fir ons dee gréisste Frënd
Duerch déck an dënn gi mir derduerch
Eng mega Frëndschaft ons verbënnt
De léiwe Ris vu Beetebuerg
Hien ass fir ons dee gréisste Frënd
Keep In Touch